Engagement

We serve – De Lions Amitié am Déngscht vun der Gesellschaft

Den Lions Amitié huet an deenen leschten 10 Joer Projeten an deene verschiddenste Beräicher ënnerstëtzt. Hei zu Lëtzebuerg waren dat Projeten am sanitären a gesondheetleche Beräich grad esou wéi am soziale Beräich.International hu mir eis an de Beräicher vun der Katastrophen- an Entwécklungsprojeten an deen verschiddenste Länner engagéiert – ëmmer nom Motto „Hilfe zur Selbsthilfe“ an hunn opgepasst, datt eis Kontributiounen ëmmer engem maximum vu Mënschen zegutt komm sinn.

Mir hunn eis doriwwer eraus och bei aneren nationalen an internationale Lionsprojeten mat Donen déi mir gesammelt hunn abruecht: sief dëst beispillsweis d’Banque alimentaire oder e vun de Lionsschwéierpunkten, d‘Hornhautbank zu Homburg (DE).

Donieft leeschte mir och „Aide d’Urgence“ hei zu Lëtzebuerg fir Leit deenen d’Liewen net esou gutt matspillt.

All eis Spenden verdeele mir no kloer definéierte Krittären déi mir an enger interner Charta ausgeschafft hunn.

An deene leschten 10 Joer konnt sou e Gesamtbetrag vun iwwert 230.000EUR mobiliséiert ginn an insgesamt 56 Organisatiounen ënnerstëtzt ginn. 

Pro Joer ginn am Duerchschnëtt 23.000 EUR fir sozial an humanitär Projeten verdeelt.

Mat onsem kontinuéierlechen Engagement droen mir zu enger méi gerechter an méi nohalteger Gesellschaft vun muer bäi. 

„Where there is a need – there is a Lion”


Wëllt Dir en Don machen?

Lions Club Luxembourg Amitié

BCEELULL – LU66 0019 5955 5821 5000