E Bongert vir d’Zukunft

De 26. November, am Kader vum “Nationalen Dag vum Bam” an Zesummenaarbescht mat der Fondation Hëllef fir d’Natur, huet de LIONS-AMITIE seng Memberen ze senger jährlecher Beemplanzaktioun am Konservatiouns-Bongert ze Biirmereng opgeruff. D’Lions gouffen heibäi vum Club Soroptimist Luxembourg Moselle, souwéi hiere Partner(innen) a Kanner kräfteg ennerstetzt. Dëss Aktivitéit, déi de Club säit 2012 jährlech ennerstetzt, dréit zem Erhalt vun der Kulturlandschaft (Streuobstwiesen) an zer Stärkung vun der Biodiversitéit bäi. No der Aarbescht hun d’Participants sech mat engem gudden Ierbessebulli gestärkt, deen vun der Gemeng Schengen offréiert gouff. Mir soen iech all Merci!