E Réckbléck op d’Joer 2020

Léif Frënn vum Lions-Amitié,

Elo hänke mir een neie Kalenner op, ouni dass dat lëscht Joer vill an eisem Club gelaf ass. Corona-bedingt si vill Manifestatiounen ausgefall, an och eis Réuniounen hunn ënnert der Pandémie gelidden.

De Petanquetournoi an de Concert de Carème hu missten ofgesot ginn, den Concert du Nouvel An 2021 fällt an d’Waasser, mir hate keng Passation de pouvoir, kee Familyday, a konnten eis Familie-Soirée mam Sujet “Nepal” an eis Chèquesiwwerreechung nach nit ofhalen.

Gott sei dank konnte mir de Rallye fir Oldtimers duerchzéien an eng Ausstellung mat eisen Sérigraphien bei der Ligue HMC op der Cap organiséiren. Eis véiert Editioun vun der “Cuvée de l’Amitié” ass och gestart an di éischt Bestellungen si schonn agelaf.

Trotz de wéinige Recetten konnte mir op Propositioun vun eiser Commission sociale eng Partie Donen machen, an dat am Kalennerjoer 2020: 

  • Sou hu mir 5000€ fir eise Projet am Nepal gespent, Projet, deen iwwert 7 Joer leeft.
  • 5000€ sinn och dringend u Caritas iwwerwise gin, fir deene Familjen, déi ënnert der aktueller Kriis leiden an um Enn vum Mount nit méi erauskommen, virunzehëllefen.
  • Da spende mir och Iesswueren am Wert vun 5000€ un d’Banque alimentaire. De Cactus huet déi Aktioun dëst Joer, wou mir jo ëmmer am Oktober zu Bäreldéng präsent waren, och coronabedingt annuléiert, mais d’Besoinen bei der BA ginn stark an d’Luucht.
  • An mir hun mat 3000€ d’Konstruktioun vun der Primärschoul “Tukwataniise” zu Uganda ennerstetzt. 
  • Duerch d’Vente vu Sérigraphien kënne mir 2000€ un d’Ligue HMC viruginn.
  • Eis Viz- a Gebeesaktioun huet och een Don vun 1850€ fir den Nepal erginn.
  • Dat Krisejoer ass jo nach nit ëriwwer, an et wärten nach verschidden dringend Ufroen un eis erugedroe gin.

Duerfir erlaben ech mir, e klengen Opruff ze machen un Iech all an nom Motto “WE SERVE” kënnt Dir duerch eng Spend op eise Kont bei der BIL LU95 0023 1009 2860 0000 eis Actions sociales ënnerstëtzen, an eis esou d’Moyenen ginn, fir deenen, déi an Nout sinn, virunzehëllefen.

Iech all wënschen mir am Numm vum Lions Amitié an am Numm vun eisem Conseil d’Administration vill Kraaft an eng gutt Gesondheet fir 2021!

Nico Hisch, President